Generalversammlung den 28 Juni 2023

Den Mëttwoch 28 Juni 2023 hat ALBSC hier Generalversammlung wéi traditionell zu Hesper. Esou wéi lëscht Joer hunn mir eis Memberen am Celo begréisst. No dem obligatoreschen Bericht iwwert eis Aktivitéiten an eiser Keesse huet den Representant vum Interieur den Här Hildgen eis verschidden Explikatiounen op verschidden vum Präsident virgedroen Doleancen ginn. Och den Här Wester, vun der Gemeng Hesper, hat am Virfeld en puer Wuert als Representant vum Syvicol gesot. No dem obligatoreschen Deel hunn mir duerno alleguerten den Owend mat engem gemiedlechen Patt an iessen am Restaurant Le jardin gourmand auskléngen gelooss.