Visitt: Contournement Dippach

Den 12 Juli war de Comité ob enger flotter Visite Technique vum Contournement  zu Dippech.

De Contournement gëtt an Zesummenaarbecht vun der P&Ch an der CFL realiséiert a soll Verkéierssituatioun zu Dippech verbesseren. De Verkéiersfloss duerch Dippech ass an der aktueller Situatioun schwiereg an dat wéinst der Zuchstreck déi matzen duerch Dippech verleeft. Doduerch, dass Gare och nach nieft der Haaptverkéiersachs léit si Barrièrë munchmol 40 Minutte pro Stonn zou. Dëst suergt fir alldeeglech fir e gréissere Réckstau.

Duerch den néie Contournement, vu méi wéi 2 km Längt,soll dës Situatioun entschäerft ginn. De Bau vum Contournement  féiert de komplette  Verkéier vun enger Extremitéit vun Dippech zu Anerer.Doduerch entfält den “Passage à Niveau” am Duerfkär an de Verkéier gëtt obligéiert de Contournement ze notzen fir vun enger Säit vum Duerf ob déi aner ze kommen.

Mir soen der  P&CH Merci fir dës flott Visitt.

Contournement de Dippach-Gare – Projets – Portail des travaux publics – Luxembourg

290 Memberen

Mir si frou kennen ze annoncéieren, datt mir mëttlerweil 290 Memberen an eise Reie kennen zielen.

Assemblée général 2024

De 6 Mäerz hat ALBSC hier 10. Assemblée générale. Dës gouf esou wéi d‘Grënnungversammlung genau op den Dag virun 10 Joer och zu Hesper ofgehalen am ganz néie Centre civique. Mat iwwert 70 Memberen a verschiddenen Invitéen (Partner vun eise Formatiounen) ware mir och ganz houfreg eisen néien Innenminister, den Här Léon Gloden bei eis ze begréissen. No de Berichter vum President, Sekretär a Caissier huet souwuel den Innenminister wéi och den Hesper Schäffen a Vize-President vum Syvicol  Guy Wester e puer Wuert un eis Membere geriichtt. Mir haten och 2 Leit déi de Comité no laange Jore verlooss hu mee mir konnte 4 néi Membere vir an Comité begréissen. Duerno si mir all zesummen an de Restaurant gaange wou mir e gemittlechen Owend zesumme verbruecht hunn an eis rëm ënnerenee konnten austauschen.

LJBM – Matinée “Beruffer a Formatiounen am Bausecteur”

Cellule d’Orientation vum LJBM (Lycée Josy Barthel Mamer) haten eng Matinée fir hir 1ère an 2e Schüler aus der Formation Professionnelle, Générale a Classique (+- 150 Schüler) organiséiert vir’t Beruffer a Formatiounen aus dem Bausecteur virzestellen.

Dëst war den Dënschdes 6. Februar 2024 am Festsall vum LJBM. All Intervenant hat eng 10 Minutte fir iwwert säi Beruff ze schwätzen.Duerno hate Schüler d’Méiglechkeet fir den Intervenant’n Froen ze stellen.

 ALBSC war mat 2 vun eise Comitésmembere vertruede vir méi jonker vir eise Beruff ze motivéieren.