Assemblée général 2024

De 6 Mäerz hat ALBSC hier 10. Assemblée générale. Dës gouf esou wéi d‘Grënnungversammlung genau op den Dag virun 10 Joer och zu Hesper ofgehalen am ganz néie Centre civique. Mat iwwert 70 Memberen a verschiddenen Invitéen (Partner vun eise Formatiounen) ware mir och ganz houfreg eisen néien Innenminister, den Här Léon Gloden bei eis ze begréissen. No de Berichter vum President, Sekretär a Caissier huet souwuel den Innenminister wéi och den Hesper Schäffen a Vize-President vum Syvicol  Guy Wester e puer Wuert un eis Membere geriichtt. Mir haten och 2 Leit déi de Comité no laange Jore verlooss hu mee mir konnte 4 néi Membere vir an Comité begréissen. Duerno si mir all zesummen an de Restaurant gaange wou mir e gemittlechen Owend zesumme verbruecht hunn an eis rëm ënnerenee konnten austauschen.