Generalversammlung

Den 31 Mäerz 2022 haten mir eis 8 Generalversammlung. Mat iwwer 60 Memberen war dës Generalversammlung déi mir rëm ënnert normalen Konditiounen konnten ofhalen en super Succès. No enger Introduktioun vun eisem President, dem  Aktivitéiten Bericht vum Sekretär an dem Rapport vum Tresorier sinn souwuel Kotisatiounen wéi den Droit d’Entrée bei 40€ bliwwen. No enger Interventioun vun der Madamm Mireille Cruchten vum Ministère de l’intérieur an dem Vertrieder vum Syvicol a Gemengerot vun Hesper, dem  Här Guy Wester iwwert déi geplangten Gemengereform sinn duerno unanime eis Statuten an dem Sënn geännert ginn dass Generalversammlung bis 30 Juni vun engem Joer kann ofgehalen ginn (soss war dat den 31 Mäerz) an passiv Memberen kënnen och Leit sinn déi net méi bei eis am Secteur schaffen. Den offiziellen Deel ass ofgeronnt ginn mat engem Éierewäin an engem Iessen wou sech Leit, an enger gemittlecher Atmosphär, konnten austauschen a den Owend ausklénge loossen.

assemblée générale – ALBSC – Hesperange – CELO – 31/03/2022 – photo: claude piscitelli