Pétitioun am Zesummenhang mat der Gehälterreform beim Staat an de Gemengen

Pétitioun 660

Signatures électroniques: 698 (28/06/2016 – 10:00)

Am Zesummenhang mat der Gehälterreform beim Staat an de Gemengen hu mir als ALBSC kierzlech eng Petitioun deposéiert.
Wéi dir sécher wësst, ass d’Gehälterreform beim Staat zanter dem 1.10.2015 a Kraaft an de Gemengesecteur, deen an sech par Rapport zum Staat assimiléiert ass, huet mëttlerweil scho ganzer 14 Méint Retard.
Dëst ass et an där Form nach ni ginn, datt mir esoulaang hu misse waarden!
Och wann et wahrscheinlech Grënn gëtt déi dëst erklären, esou ass dat fir eis net méi nozevollzéien an et kann an eisen Aen net sinn, datt doduerch Nodeeler fir e ganze Secteur par Rapport zu de Kolleginnen an Kollege beim Staat entstinn.
De Gemengesecteur zielt ëmmerhi ronn 15.000 Persounen a mir sinn der Meenung datt et un der Zäit ass sech dogéint ze wieren.
Dofir froe mir datt dës Dispositiounen, esoubal se vum Gesetzgeber guttgeheescht goufen, réckwierkend ob den 1.10.2015 applizéiert solle ginn!
Hei ënnendrënner fann dir de Link zu eiser Petitioun, déi nëmmen eng Chance huet, wann der esouvill ewéi méiglech vun iech dës Saach ënnerstëtzen.
http://chd.lu/wps/portal/public/SignerPetition?action=doPetitionSignature&id=710

D’Petitioun ass vum 6.6.2016 bis den 18.7.2016 online an et wär wichteg datt dir am Interessi vun eis all dës Petitioun esou séier ewéi méiglech ënnerschreiwt!
Schéckt dëst w.e.g. op ärer Verwaltung un all Kolleginnen a Kollegen, fir datt och séchergestallt ass, datt mir si iwwer dëse Wee erreechen. Vergiesst och är Schäffen a Gemengeréit net. Mir schreiwen d’Gemengen a Syndikater zwar och parallel un, mee et ass net sécher, datt dës Informatiounen ëmmer u jidderee verdeelt ginn.
Frot är Familljememberen a Bekannte fir d’Petitioun och mat ze ënnerschreiwen, esou datt mir an deene 40 Deeg méiglechst vill Ënnerschrëfte kënne sammelen.

Mir soen iech schonn am Viraus Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Icon

Pétitioun 660 611.67 KB 49 downloads

...

Och d’FGFC ënnerstetzt eis Pétitioun:

FGFC-petitioun-660