Mir iwwer eis

E puer Wuert zur ALBSC

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt eis e puer Wuert an eegener Saach ze soen an iech an e puer Zeilen ze erklären, ween d’ALBSC ass, wéi mir entstanen sinn a wat eis Zieler sinn.

Wien si mir?

D’Association Luxembourgoise des Bachelors Scientifiques des Communes et des Syndicats de Communes, kuerz ALBSC, ass d’Association professionnelle aus dem Gemengesecteur an där sech d’Ingénieurs Techniciens, spréch déi haiteg Bachelors scientifiques zesummegeschloss hunn, fir gemeinsam hier Interessen no baussen ze vertrieden.
D’Associatioun zielt momentan 217 Memberen a gëtt geréiert vun engem Comité mat 13 Leit.

Wéi si mir entstanen?

Eis Urspréng ginn zréck op d’Joren 2008 an 2009. Deemools hat sech e Groupe vun 22 Ingénieurs Techniciens zesummefonnt, fir opgrond vun der geplangter Reform vun de Carrière’en am ëffentlechen Déngscht am Kader vum Bologna Prozess, eng gemeinsam Positioun betreffend eis Revendikatiounen auszeschaffen.
Dëse Pabeier gouf deemools vun net manner ewéi 120 Kolleginnen a Kollegen ënnerstëtzt an uschléissend mat Gewerkschaftsvertrieder diskutéiert.
Nieft der Gehälterreform gouf et och aner Sujet’en déi eise Kolleginnen a Kollege scho jorelaang ënnert de Neel gebrannt hunn, an d’Onzefriddenheet mat de Gewerkschaftsvertrieder vum Gemengesecteur ass ëmmer méi grouss ginn.
D’Fuerderung no enger eegestänneger Associatioun fir eis Carrière an der FGFC, huet ëmmer méi Gewiicht kritt, mee ass vun „Uewen“ erof systematesch verhënnert ginn.
Ufank 2014 huet dorops hinn en Groupe vun 32 Leit der Gewerkschaft offiziell matgedeelt, datt si d’Intentioun hätten, fir eng eegestänneg Associatioun ze grënnen.
No der enorm positiver Resonanz bei de Kolleginnen a Kollegen op des Initiativ hinn, ass schliisslech d’ALBSC am Mäerz 2014 als asbl gegrënnt ginn.
Sou ass et net verwonnerlech, datt d’ALBSC no manner wéi 2 Joer schonn esouvill Memberen an hire Reie kann zielen.
Dobäi muss ee wëssen datt am Gemengesecteur, eisen Informatiounen no, aktuell ronn 300 Ingénieurs Techniciens beschäftegt sinn.

Wat sinn eis Zieler an wéi funktionéiere mir?

  • Transparenz an Informatioun

Mir informéieren eis Membere schnell, efficace an esou gutt wéi méiglech mat „Mailing’en“ iwwer Sujeten, déi fir hir Carrière relevant sinn.
Mir informéieren eis Membere regelméisseg iwwer d’Aarbecht déi am Comité geleescht gëtt.
Mir funktionéieren transparent a setzen op méiglechst vill Kommunikatioun ënnereneen. Mir hunn en Internetsite wou interessant Dokumenter ze fanne sinn a flott Servicer ugebuede ginn.
Sou fannt dir do zum Beispill verschidde Formatiounen déi an eisem Beräich ugebuede ginn, e Forum, wou dir Froen zu bestëmmte Sujet’en kënnt stellen oder awer och d’Annoncë vun de oppene Platzen am Secteur, iwwer déi mir och e regelméissege Suivi maachen.

  • Formatioun

Mir bidden Formatiounen a Seminairë mat Themen un, déi fir eis Membere vun Interessi sinn.
Esou hu mir scho Formatiounen am Beräich vun der Drénkwaasserversuergung ofgehalen, awer och e Seminaire iwwert de Sécherheetsdelegéierten am ëffentlechen Déngscht a rezent eng Formatioun am Kader vum Energiepass.
Fir d’Zukunft si weider Fortbildungscoursen mat de Sujet’en Brandschutz, Klimapakt, Urbanismus an Bauschied geplangt.

  • Fërderung vun der Kollegialitéit

Mir hunn festgestallt datt um Terrain e ganz grousse Manktem un Austausch ënnert de Kolleginnen a Kollege besteet.
Mir schaffen deem aktiv entgéint an deem mir jäerlech a Bachelor-Day organiséiere wou et drëms geet d’Kolleginnen a Kollege besser kënnen ze léieren. Mir verbannen dat Ganzt jeeweils mat enger interessanter Formatioun

  • Austausch vun Erfahrungen

Mir wëllen et deene méi Jonken ënnert eis erméigleche vun der Erfahrung vun Deenen, déi scho méi laang derbäi sinn, kënnen ze profitéieren.
Dëst geschitt duerch direkte Kontakt an duerch Austausch vun Dokumenter.
Fir Kolleginnen a Kollegen déi ob klenge Verwaltunge meeschtens ob sech alleng gestallt sinn, ass dësen Austausch enorm wichteg.

  • De Besoin’en no schaffen

Mir schaffen no de Besoin’en vun eise Kolleginnen a Kollegen. Dofir maache mir Sondage fir erauszefanne wou de Schong dréckt.
Mir setzen dorops hin Aarbechtsgruppen op d’Been, déi un Sujet’en schafft, déi eise Memberen dono hier Aarbecht soll vereinfachen.
Mir sinn op fir gutt Iddi’en a funktionéieren net just top-down. Dofir gräife mir Virschléi vun eise Memberen op, a probéieren déi esou gutt et geet ëmzesetzen.

Weider interessant Informatiounen iwwer d’ALBSC fannt dir och op eisem Internetsite www.albsc.lu.

De Conseil d’Administration vun der ALBSC